Skip to main content
   
Sozialwalen an der Fonction Publique vum 6. bis de 26. Mäerz 2025

Ech wiele

méi Kafkraaft

Stäerkung vun Ärer Kafkraaft

D’CGFP setzt sech fir fair Léin, sozial Gerechtegkeet an eng global Steierreform an, déi de Ménagen hir Kafkraaft ofséchert.
  • Linear Punktwäerterhéijungen: D‘CGFP engagéiert sech fir eng attraktiv a stabil Lounpolitik an, déi et dem Staat erlaabt, qualifizéiert Mataarbechter ze rekrutéieren an och ze halen.

  • Erhalt vum Index: D’CGFP huet mat Succès verhënnert, dass den Indexmechanismus ofgeschaaft gëtt, fir datt de Kafkraaftverloscht weiderhin kompenséiert gëtt.

  • Steiergerechtegkeet: Op Drock hi vun der CGFP gouf de Steierbarème schonn deelweis un d’Inflatioun ugepasst. D’CGFP fuerdert awer eng automatesch Upassung vum Barème bei all Indextranche, fir verstoppte Steiererhéijungen ze verhënneren.

  • Moossname géint héich Energiepräisser: Fir déi finanziell Belaaschtung vun de Stéit ze reduzéieren, huet d’CGFP zur Ëmsetzung vu verschidden Aidë bäigedroen, wéi z.B. eng Präisbrems beim Elektresch.

Méi Kafkraaft

sécher
Pensiounen

sécher Pensiounen

D’CGFP ass géint all Verschlechterungen am Pensiounssystem a setzt op d’Devise „innovativ Léisungen amplaz Abousse bei de Leeschtungen“.

  • Generatiounegerechtegkeet: Kee Spillraum fir kontraproduktiv Reformen, déi de soziale Fridden op d’Spill setzen.

  • Nei Finanzéierungsquellen: E klore Plaidoyer fir nei Piste beim Finanzement vun der Altersvirsuerg, déi net op Leeschtungsverschlechterunge baséieren

  • Géint Privatiséierungen: D’CGFP refuséiert eng Privatiséierung vum ëffentleche Renten- a Pensiounssystem.

  • Dialogbereetschaft: Sollt et sech als noutwendeg erweisen, steet d’CGFP fir konstruktiv Verhandlungen zur Dispositioun.

  • Nei Finanzéierungsquellen: E klore Plaidoyer fir nei Piste beim Finanzement vun der Altersvirsuerg, déi net op Leeschtungsverschlechterunge baséieren.

  • Géint Privatiséierungen: D’CGFP refuséiert eng Privatiséierung vum ëffentleche Renten- a Pensiounssystem.

  • Dialogbereetschaft: Sollt et sech als noutwendeg erweisen, steet d’CGFP fir konstruktiv Verhandlungen zur Dispositioun.

Ech wielen

eng gesond
Work-Life-Balance

Eng Work-Life-Balance fir jiddereen

D’CGFP setzt op flexibel Aarbechtsmodeller, Homeoffice a fair Aarbechtszäitreegelungen,
déi dem moderne Liewensstil entspriechen.

  • Compte épargne-temps: E flexibelen Ëmgang mat den Iwwerstonnen am Interêt vun den Agenten, déi Iwwerstonne kënne spueren , fir se zu engem spéideren Zäitpunkt ze kompenséieren.

  • Homeoffice-Reegelung: Mobil schaffe mat eenheetleche Rechter a Pflichten, ouni Iwwerreguléierung a mat engem „Droit à la déconnexion“.

  • Schutz viru berufflecher Iwwerbelaaschtung: D’Recht op d’Préretraite fir all staatlech Mataarbechter, déi no 1999 agestallt goufen an 20 Joer laang op Schichte schaffen.

  • Méi Previsibilitéit bei de Schaffpläng: Flexibel an nohalteg Schaffpläng, déi d‘Fräizäit an déi wéchentlech Rouzäite respektéieren.

D’CGFP setzt op flexibel Aarbechtsmodeller, Homeoffice a fair Aarbechtszäitreegelungen, déi dem moderne Liewensstil entspriechen.

  • Compte épargne-temps: E flexibelen Ëmgang mat den Iwwerstonnen am Interêt vun den Agenten, déi Iwwerstonne kënne spueren , fir se zu engem spéideren Zäitpunkt ze kompenséieren.

  • Homeoffice-Reegelung: Mobil schaffe mat eenheetleche Rechter a Pflichten, ouni Iwwerreguléierung a mat engem „Droit à la déconnexion“.

  • Schutz viru berufflecher Iwwerbelaaschtung: D’Recht op d’Préretraite fir all staatlech Mataarbechter, déi no 1999 agestallt goufen an 20 Joer laang op Schichte schaffen.

  • Méi Previsibilitéit bei de Schaffpläng: Flexibel an nohalteg Schaffpläng, déi d‘Fräizäit an déi wéchentlech Rouzäite respektéieren.

Ech wielen

den Erhalt vum ëffentleche Statut

E staarken ëffentlech-rechtleche Statut

D’CGFP verdeedegt d’Rechter an d’Acquise vun den Agents publics a wiert sech géint all Versuch vu Sozialofbau a Privatiséierung.
  • Erhale vun de Garantien: D’CGFP schützt déi sozial Rechter vun de Mataarbechter beim Staat a léist eng Verwässerung vum ëffentlech-rechtleche Statut net zou.

  • Schluss mat de Privatiséierungen: Keen Outsourcing vu staatlechen Déngschtleeschtungen.

  • Nei Akzenter an der Astellungspolitik: Méi Fonctionnairen astellen a just an Ausnamefäll nei „Établissements publics“ schafen.

  • Attraktiv Beruffsperspektiven: Dispositioune fir héich qualifizéiert Mataarbechter aus dem Privé ze rekrutéieren, ouni dobäi awer d’Astellungskrittären opzeweechen.

déi stäerkste
Stëmm

D’Stëmm vun der Fonction publique

D’CGFP ass e politesch onofhängegen an ideologesch neutralen Daachverband mat joerzéngtelaanger Erfarung, Determinatioun a Stäerkt, deen d’Interesse vun der Fonction publique verdeedegt.
  • Eng eenheetlech Stëmm: Mat hire 65 Fachverbänn a 34.000 Membere steet d’CGFP fir Solidaritéit. Si beméit sech, fir am Dialog mat der Regierung raisonnabel Léisungen ze fannen.

  • Vertrauen duerch d’Wieler: Mat 21 vu bis elo 22 méigleche Sëtz an der Beruffskummer vun de Fonctionnairen an Employés publics ass d’CGFP déi eenzeg national representative Gewerkschaft am ëffentlechen Déngscht.

  • Politesch Onofhängegkeet: D’CGFP handelt ëmmer am Interessi vun den Agenten an dem Allgemengwuel, ouni dobäi vu politeschen oder ideologesche Kreesser beaflosst ze ginn.

  • Géint eng Zersplitterung: All Stëmm fir d’CGFP ass eng Stëmm fir Stabilitéit a géint eng gewerkschaftlech Zersplitterung an der Fonction publique.

déi stäerkste Stëmm

Sozialwalen an
der Fonction Publique
vum 6. bis de 26. Mäerz 25

© 2025 Confédération générale de la fonction publique