Skip to main content
   

ACTUALITÉS

D’CGFP wënscht Iech schéi Feierdeeg

19.12.2025

D’CGFP wënscht Iech schéi Feierdeeg
2025 geet op en Enn – Zäit, fir duerchzeootmen an d’Hektik vum Alldag hannert sech ze loossen. D’Feierdeeg sinn déi perfekt Geleeënheet, wäertvoll Zäit mat der Famill an de Frënn ze verbréngen, nei Kraaft ze tanken an déi kléng, schéi Momenter ze genéissen.
 
Déi ganz Ekipp vun der CGFP seet all hire Memberen e grousse Merci – fir Ären deeglechen Asaz am Déngscht vun der Allgemengheet a fir Äert Vertrauen, wat Dir eis entgéint bréngt. Grad an dësen Zäiten, déi vu groussen Erausfuerderunge markéiert sinn, weist sech, wéi wichteg Zesummenhalt, Unerkennung a géigesäiteg Ënnerstëtzung sinn.
 
Mir wënschen Iech an Äre Léifsten erhuelsam, besënnlech Feierdeeg an eng gutt Gesondheet.